Zoue Pubs a BarenMillioune Liter Béier wéinst Lockdown a Groussbritannien vernicht ginn

RTL Lëtzebuerg
A Groussbritannien hu wéinst dem Corona-Lockdown am Ganze 50 Millioune Liter Béier missen entsuergt ginn, sou d'British Beer and Pub Association.

Aus hirem Bericht geet ervir, dass am Verglach 495.00 Buedbidde voll Béier hu missen ausgeschott ginn.

Sämtlech Fässer, déi periméiert sinn, mussen zeréck un d’Brauereien, wou se entsuergt ginn. Bei villen Zorten ass dëst no 3 bis 4 Méint no der Liwwerung de Fall, bei verschidden anere Béier-Zorte souguer schonn no 6 bis 9 Wochen.

70 Millioune Pints hunn dem Bericht vun der British Beer and Pub Association no wärend dem éischte Lockdown am Fréijoer d’lescht Joer vernicht ginn. Duerno goufen d’Pub-Bedreiwer méi virsiichteg an hu manner gelagert. Duerch de Wanter-Lockdown koumen nach emol ronn 17 Millioune Pints dobäi.

Back to Top
CIM LOGO