
Hie bleift awer weider Anchorman. Vun elo un dann awer net méi am ëffentlech rechtlechen däitsche Fernsee, mä beim Privatsender RTL.
Hei soll den 69 Joer alen Noriichtespriecher an Zukunft eng nei Noriichtesendung moderéieren. De Sender vu Köln wëll d’Noriichtenoffer ronderëm “RTL Aktuell” ausbauen. Dozou gehéiert, datt ee méi Noriichten am Programm wëll hunn an och speziell Sendunge wëll an de Programm ophuelen. Weider Detailer wéilt een am Summer publizéieren.