TinderNei Funktioun, fir méiglechen Dates am Virfeld ze checken

RTL Lëtzebuerg
Mat dëser Funktioun, déi aktuell an den USA agefouert gëtt, wëll Tinder haaptsächlech Frae besser schützen.

Mat e puer Klicke soll een an Zukunft de Match scho virum éischten Date kënnen ofchecken. Esou soll verhënnert ginn, datt déi Persoun méiglecherweis e Fake ass oder datt si eppes op hirem Profil verheemlecht.

Vill Tinder-User hu scho selwer am Virfeld probéiert, via Google méi iwwert déi Persoun, mat där se sech treffe wëllen, erauszefannen. Dofir hu si awer misste vun Tinder oder enger anerer Datingwebsäit erofgoen, de Browser opmaachen an do no de Leit sichen. Mat engem neie Feature wëll Tinder elo dës Etapp iwwersprangen. Zesumme mat der Non-Profit-Plattform Garbo huet een eng Software entwéckelt, déi automatesch e Persounencheck mécht. Et wëll een haaptsächlech geschlechtsspezifesch Gewalt am digitale Raum proaktiv erkennen a verhënneren. Esou kéint ee zum Persounen, déi verurteelt goufen, well se hir Partnerin oder hire Partner geschloen hunn, erausfilteren.

De Service soll elo mol an den USA op de Maart kommen an dono och an anere Länner. An Europa gëtt dëst awer méi schwéier, well hei d’Gesetzer anescht sinn a villes, wat an den USA ëffentlech zougänglech ass, deelweis muss een awer dofir bezuelen, ass hei iwwerhaapt net ze fannen.

Den Tool vun Tinder soll esou funktionéieren, datt een hei den Vir- a Familljennumm respektiv de Virnumm an d’Telefonsnummer agëtt, an dat gesot kritt, ob déi Persoun Virstrofen huet, a Mëssbrauchs - oder Sexualfäll involvéiert war, oder eng aner kriminell Vergaangenheet huet.

Gratis wäert den Tool awer wuel net sinn, bis ewell gouf et vun Tinder dozou wéineg Detailer. No der Testphas bei Tinder wäert Garbo dëse Service wuel och nach anere Plattformen ubidden. Eng Garantie fir e séchert Date ass dëst awer net, well Schätzungen no ginn an den USA ronn 80 Prozent vun de sexuellen Iwwergrëffer der Police guer net gemellt. A sollt de Match e falschen Numm uginn hunn, ass et däitlech méi schwéier, fir eppes erauszefannen.

Back to Top
CIM LOGO