
D’Currywurscht, zanter 28 Joer absolutte Spëtzereider an den däitsche Betribskantinnen, huet an der Coronakris u Beléiftheet verluer. Vum Troun gestouss gouf se vun engem italieenesche Klassiker: Spaghetti Bolognese. Da huet de Catering-Service “Apetito” en Dënschdeg matgedeelt.
Ma et ass net just d’Pandemie, déi fir dat verännert Iessverhale responsabel ass, sou nach “Apetito”, schliisslech ware vill Kantinne laang Zäit zou. Och Fournisseure vun déifgekillte Liewensmëttel sinn 2020 relativ gutt duerch d’Kris komm, ma och si hunn d’Fermeture vu Kantinnen a Betriber, mä och Schoulen a Crèchen ze spiere kritt. E Boom gouf et nach am Beräich “Iessen op Rieder” fir eeler Persounen, déi doheem wunnen.