Loma Vista RecordingsPlackefirma trennt sech wéinst Mëssbrauchsvirwërf vum Marilyn Manson

RTL Lëtzebuerg
Nodeems e puer Fraen him Mëssbrauch virgehäit hunn, ginn "Loma Vista Recordings" an de Marilyn Manson elo getrennte Weeër.
© AFP

Dat huet “Loma Vista Recordings” e Méindeg matgedeelt. Och bei zukünftege Projete wäerte si net méi mat him zesummeschaffen.

D’US-Actrice Evan Rachel Wood huet um Méindeg de Brian Warner schwéier beschëllegt. Si war mam “Marilyn Manson” bis 2010 an enger Bezéiung.

De Brian Warner war an de 90er Jore bekannt ginn als provokanten Goth Industrial Rockstar “Marilyn Manson”. Hie wier e geféierleche Mann, sou d’Wood op de soziale Medien um Méindeg.

Si hat an der Vergaangenheet scho vun engem Ex-Frënd geschwat, dee si jorelaang mëssbraucht hätt, elo identifizéiert si déi Persoun mam haut 52 Joer Marilyn Manson.

© AFP

Back to Top
CIM LOGO