Hoffnung stierft zuleschtPolnesche Mann fält 192 Mol duerch theoreetesche Fürerschäinsexamen

RTL Lëtzebuerg
Iergendwann net méi ofhängeg vum ëffentlechen Transport oder anere Persoune sinn - dat ass den Dram vun engem Mann aus Polen.

Et kënnt dacks vir, dass Leit déi éischte Kéier duerch d’Theorie falen. Eng zweeten oder drëtte Kéier ass dat och scho sou munche geschitt. Awer direkt 192 Mol... dat erliewe Farleerer net heefeg. Genau dat ass awer engem Mann aus Polen geschitt, schreift de Portal “Notes from Poland”.

Iwwer 190 Mol huet hien den theoreeteschen Exame gemaach, iwwer 190 Mol waren ze vill Äntwerte falsch.

Zanter 17 Joer strieft hien de Mammutprojet Fürerschäin un. Mëttlerweil ass hie 50 Joer al. Opgi kënnt fir de Mann awer net a Fro. En haartnäckegt Verhalen, dat hien iwwert d’Jore gekuckt zimmlech deier ginn ass. Polnesche Medien no huet hie schonn ëm 6.000 Zloty dofir ausginn, also ronn 1.300 Euro Fraisen.

Back to Top
CIM LOGO