
Beim Wieder, wat si an de leschten Deeg an där Géigend haten, huet och gutt ekipéierte Gefierer Problemer gemaach. En Auto, deen awer keng Wanterpneuen hat, hat richteg Problemer.
Esou och e Chauffer vun engem Porsche, dee just 2 Wanterpneuen op sengem Auto hat an dowéinst och net wierklech vun der Plaz koum. Wéi d’Beamte vun der Police hien drop ugeschwat hunn, huet hien ausgesot, datt hien net d’Suen hat, fir sech véier Pneue fir säin deieren Auto ze kafen.