
“Mir si keng rassistesch Famill”, esou reagéiert de britteschen Trounfollger Prënz William op Aussoen an engem rezenten Interview vu sengem Brudder a senger Schwéiesch. Wéi d’BBC en Donneschdeg de Mëtteg schreift, wier de William bei enger Visitt am Oste vu London op d’Reprochen agaangen.
Hien hätt nach net mat sengem Brudder geschwat, ma wéilt dat awer geschwë maachen. De Prënz Harry a seng Fra Meghan hate sech scho virun 2 Joer vum brittesche Kinnekshaus distanzéiert. An engem Interview mat der US-amerikanescher Talk Show Host Oprah Winfrey sote si ënnert anerem, dat Membere vun der Kinneksfamill sech Suerge gemaach hätten, d’Kand vum Harry an der Meghan kéint eng ze vill däischter Hautfaarf hunn.
De Buckingham Palace sot an engem Schreiwes en Dënschdeg, et géing een de Reprochen nogoen.