RumänienPrivatfliger vu fréierem Diktator Ceausescu gëtt versteet

RTL Lëtzebuerg
Et gëtt sech erwaart, datt ronn 150 Sammler Interessi um Fliger wäerten hunn. D'Startgebot louch bei 25.000 Euro.

D’Auktiounshaus Artmark vu Bukarest huet d’Maschinn als “Bijou” bezeechent. De Fliger gouf vun der Britesh Aircraft Corporation gebaut a gouf 1986 a Betrib geholl. Um Rumpf ass “Sozialistesch Republik Rumänien” ze liesen. D’Maschinn huet bis Dezember 1989 zu der Flott vum Ceausescu gehéiert. Dono gouf hie hie gestierzt a mat senger Fra Elena higeriicht.

Den Diktator hat, esou de Pilot, den Abau vun engem Schlofzëmmer an engem Büro verlaangt. Geflu wier hien awer léiwer mat enger Boeing 707.

No Stuerz vum Ceausescu ass de Fliger an d’Flott vun der Fluchlinn Romavia iwwergaangen, déi haut Faillite ass. Och ass se eng Zäit laang am Pakistan an den Asaz komm a stoung déi lescht Joren an engem Hangar.

Well de Moto vum Modell vill Kaméidi mécht, kritt de Fliger keng Flucherlabnis méi. Och si verschidde Stécker vum Fliger veraalt a kënnen net méi ersat ginn. D’Maschinn dierf awer och net auserneegeholl ginn, nach dierf se Rumänien verloossen, well de Staat se als Nationalierwen deklaréiert hat, fir esou ze verhënneren, datt se verschrott ka ginn.

Ganzer néng Maschinne vum Typ Super One-Eleve goufen an den 1980er Jore gebaut. Nieft dëser Maschinn soll nach eng zweet versteet ginn, dat och bei engem Startgebot vu 25.000 Euro. Déi aner siwe goufe schonn zerluecht oder aus dem Verkéier gezunn.

Back to Top
CIM LOGO