
Wien dreemt net vun enger Insel an der Karibik? Ma dann heescht et lo geschwënn zougräifen! Op de Bahamas geet eng Insel versteet, allerdéngs muss een dofir op d’mannst 16 Milliounen Euro um Kont hunn.
Et geet ëm d’Privatinsel “Little Ragged Island”, och St. Andrew’s genannt. D’US-Auktiounshaus Concierge Auctions, spezialiséiert op Luxusimmobilien, wëll d’Insel de 26. Mäerz versteeën. Dobäi lackele se potentiell Keefer mat den Argumenter: “perfekt fir eng privat Wunnsiddlung”, “e Bijou fir eng tropesch Proprietéit mat kilometerlaange Privatplagen” oder nach “Plaz genuch fir e komplette Golf-Terrain mat 18 Lächer”.
Privat Touren, fir sech extra inspiréieren, respektiv iwwerzeegen ze loosse beim Kaf, kënnen arrangéiert ginn.