Pueren Zoufall?Queen hält um groussen Interview-Dag vum Harry a Meghan eng Ried op der Tëlee

RTL Lëtzebuerg
Nëmmen e puer Stonne virun der Diffusioun vum Interview riicht sech d'Kinnigin Elizabeth II un d'Leit dobaussen.
© AFP/Archiv/Ben STANSALL

De 7. Mäerz gëtt hir Ried um Commonwealth Day op BBC One diffuséiert, huet d’Westminster Abbey e Méindeg matgedeelt. Fir de selwechten Dag hunn den Harry an d’Meghan en “intimen” Interview mam Oprah Winfrey ugekënnegt. Dobäi gëtt sech erwaart, dass si Detailer iwwert hire Réckzuch vun de royale Flichte wäerte präisginn.

Lescht Woch hat dat brittescht Kinnekshaus annoncéiert, dass d’Koppel - ee Joer nom “Megxit” - hir kinneklech Éierentitele verléiere wäert. Den Enkel vun der Queen huet virun allem d’brittesch Medien dofir verantwortlech gemaach, dass et zu dësem extreme Schratt huet misse kommen.

Antëscht liewen den Harry, seng Fra Meghan an hire Bouf Archie an enger klenger Villa zu Santa Barbara. Op Vältesdag koum déi gutt Nouvelle, dass si en 2. Kand erwaarden.

Back to Top
CIM LOGO