FluchhafenReesgrupp ësst 30 kg Orangen, fir Gepäckkäschten ze spueren

RTL Lëtzebuerg
Eigentlech sollt de Pak Orangen een Undenken un e Business-Trip sinn. Dee wäerten d'Participanten awer wuel éischter wéinst de Suitten net vergiessen.

Wéi d’"Global Times” schreift, haten déi véier Geschäftsleit op hirem Trip an d’Milliounestad Kunming, ouni sech gréisser Gedanken ze maachen, e puer Undenke kaaft: Eng Këscht mat 30 Kilogramm Orangë gouf hinnen um Maart fir ëmgerechent ronn 70 Euro ugebueden. D’Männer wollten dës Offer net ausschloen an hunn zougeschloen. Wéi se dunn awer um Fluchhafen dëst ongewéinlecht Gepäck anchecke wollten, gouf se vun den héije Käschte fir d’Gepäck iwwerrascht. D’Airline huet nämlech ëmgerechent ronn 14 Euro pro Kilogramm gefrot. Am Ganze wären domadder knapp 430 Euro fälleg gewiescht. Dëse Präis wollten déi véier Männer net bezuelen an hu sech dozou decidéiert, fir d’Orangen direkt op der Plaz ze iessen.

“Mir stoungen einfach do an hunn d’Orangen alleguer giess”, sou ee vun de Participanten der Zeitung géintiwwer. A rekordverdächtegen 20-30 Minutten hunn déi véier Männer déi 30 Kilogramm giess. Wat ronn 7,5 Kilogramm Orangë pro Persoun sinn.

D’Suitte vun dësem héije Konsum hunn net laang op sech waarde gelooss. Duerch d’Saier am Uebst kruten déi Concernéiert Bloderen am Mond. “Mir wëllen ni méi Orangen iessen”, sou ee vun de Männer. D’Fro, wisou se net een Deel vun den Orangen am Handgepäck verstaut hunn oder een Deel um Fluchhafen zeréckgelooss hunn, wollt hien net beäntweren.

Back to Top
CIM LOGO