
De Restaurant “AM” zu Marseille ass e Méindeg als eenzegen dëst Joer mat 3 Stären ausgezeechent ginn. An dorop muss de 44 Joer ale Kach ganz eleng ustoussen, säi Restaurant ass wéi vill anerer a Frankräich zanter Enn Oktober zou. Eng Reouverture ass nach net a Siicht.
Dem Mazzia seng Kachkonscht wier eenzegaarteg, sou de Chef vu Michelin, Gwendal Poullennec. A sengem Restaurant ginn et just 22 Plazen an awer benotzt de Chefkach iwwer 200 Gewierzer. Seng Kiche wier vun der Demokratescher Republik Kongo beaflosst, wou hien déi éischt 15 Joer vu sengem Liewe verbruecht huet.
Wärend der Corona-Kris verkeeft de Mazzia säin Iessen zum Deel och als Takeaway iwwert e Foodtruck zu Marseille. Hie géif sech wéi e kulinaresche Bijou-Verkeefer fillen.
Eigentlech wollt déi franséisch Regierung de Restauranten a Baren e Mëttwoch nees erlaben, eng éischte Kéier zanter 2 Méint nees opzemaachen. Deen Datum ass awer op onbestëmmeten Zäit verréckelt ginn. De Grond ass d’Hausse bei den Infektiounszuelen an d’Suerg, datt sech den neie mutéierte Virus kéint ausbreeden.