War et Ufank vum 20. Joerhonnert Ulafstell fir hongreg Passagéier a Leit aus der Ëmgéigend, kommen haut nach ëmmer Leit heihinner fir e flotte kulinareschen Ament ze verbréngen. An dass dat gefält, domadder goufe si elo mat enger Auszeechnung vu Gault&Millau belount, wou si fir hir lokal Kichen a regional Produite geéiert goufen.
De Frédéric Vuillemin ass zanter 7 Joer de Chefkach an der Becher Gare a setzt virun allem op eng regional a lokal Kichen, wou hie vill Wäert drop leet, selwer nach bei de Produzenten ëm den Eck laanscht ze fueren a sech d’Produiten unzekucken. Sief et de Béier vum Noper, de Poulet vum Bauer, Kraider vu Lëtzebuerg oder och nach d’Fleesch vu Lelleg.