Vum däitsche Komiker a Museker"Schéi Chrëschtdeeg, Äre Ralf!"

RTL Lëtzebuerg
Den 8. Mäerz 2024 kënnt de Ralf Schmitz mat sengem aktuelle Programm "Schmitzefrei" an d'Rockhal. Fir déi, déi et net erwaarde kënnen, huet hien e Message.
© MALTE OSSOWSKI/SVEN SIMONSVEN SIMONdpa Picture-Alliance via AFP

Iwwer Facebook huet de Komiker sech u seng Fans aus Lëtzebuerg geriicht - an dat op Lëtzebuergesch! “Ich hoffe sehr, dass ihr mich einigermaßen verstehen konntet”, schreift hien ënnert de Video.

De Kommentaren no hunn d’Leit hien esouguer ganz gutt verstanen. Trotzdeem wëll hie fläisseg weider leieren a spéitstens am Mäerz kann een him bei deem een oder anere Wuert dann nach e bëssen Nohëllef ginn.

Back to Top
CIM LOGO