
Iwwer 50 Schlässer géif een zu Lëtzebuerg fannen, datt op enger Fläch, déi méi kleng ass wéi den Areal ronderëm London. An dat spektakuläerste Schlass am Land wier dat zu Veianen, esou déi engleschsproocheg Noriichtesäit.
Erwäänt gëtt awer och d’Mëttelalterfest am August, well dëst déi gréisste Feier um Schlass zu Veianen wier.
Domadder nennt CNN d’Schlass aus dem Grand-Duché an engem Otemzuch mat Neuschwanstein an Däitschland, mam Schlass vun Edinburgh a Schottland oder mam Himeji Castle a Japan.
De ganzen Artikel mat all de Schlässer fannt der bei de Kollege vun CNN.