Happy Birthday"Sendung mit der Maus" feiert 50 Joer

RTL Lëtzebuerg
Déi 1. Episod gouf de 7. Mäerz 1971 ausgestraalt, dat nach ënnert dem Numm "Lach- und Sachgeschichten für Fernsehanfänger".

Vun 1972 un gouf d’Sendung dunn ëmbenannt an “Sendung mit der Maus”. Si war als Alternativ zu der amerikanescher “Sesamstraße” geduecht, krut awer Ufanks keng gutt Kriticken.

Si wier ze séier an net kannergerecht geschnidden, hu Pedagogen bemängelt. D’Kierch huet gefaart, dass Kanner wéinst der Sendezäit sonndes moies net méi géifen an d’Mass kommen.

D’Maus huet an deene 50 Joer vill erlieft. En Highlight war mat Sécherheet d’Rees an de Weltraum 2018, dat mam Astronaut Alexander Gerst.

D’Maus war dann am Ufank och eleng an der Emissioun. Eréischt méi spéit koumen den Elefant an d’Int dobäi. 1975 huet de Friedrich Streich den Elefant mat an d’Sendung bruecht. 1987 gouf den Trio duerch déi giel Int komplettéiert, déi net fléie kann, dofir awer zimmlech frech ass a vill Quatsch mécht.

Zanter dem 9. September 1973 gëtt et dann och e Ritual. De Virspann gëtt op däitsch... an dann och nach op enger anerer Friemsprooch agelies. Doduerch ginn d’Zuschauer dozou animéiert matzeroden, wat dat da fir eng Sprooch kéint sinn. Schonn iwwer 100 Sproochen goufe sou scho virgestallt, dat dann ëmmer mam Saz “Das war... (Sprooch)”. Nieft chinesesch, griichesch, portugisesch serbokroatesch... gouf z.B. och scho klingonesch geschwat.

Fir de 25. Gebuertsdag huet de Stefan Raab d’Lidd “Hier kommt die Maus” komponéiert an et souguer bis op Plaz 2 an den däitschen Charts gepackt.

“Ich erzähl’ euch die Geschichte von einer, die ihr kennt, sie lebt in der Glotze auf weißem Pergament. Sie ist orange und größer als ein kleiner Elefant und schon das ganz allein macht die Sache interessant”, heescht et am Lidd vum Raab. Hien huet och d’Titelmusek mat agebaut, grad ewéi d’Trotere vum Elefant.

Op deen Zuch vun ass dann elo fir de 50. Gebuertsdag de Mark Forster opgesprongen an huet der Maus e Lidd geschenkt.

D’Maus gouf dann an Däitschland och scho geéiert. Sou krut se 2019 z.B. am Schloss Bellevue den “Mausverdienstorden” vum Bundespresident Frank-Walter Steinmeier iwwerreecht.

Elo fir de 50. Gebuertsdag kritt d’Maus dann och eng Gedenkmënz, déi e Wäert vun 20 Euro huet an och offiziell ka benotzt ginn, fir ze bezuelen. Ma dat wäert wuel kaum ee maachen... si gëllt éischter als Sammlerstéck.

Back to Top
CIM LOGO