BrangelinaSuergerechtssträit geet zu Gonschte vum Brad Pitt aus

RTL Lëtzebuerg
Zanter Jore streit déi fréier Hollywood-Koppel ëm d'Suergerecht fir hir 6 Kanner.
© AFP/Archiv/GABRIEL BOUYS

En US-Riichter huet am Suergerechtssträit elo zu Gonschte vum 57 Joer ale Schauspiller entscheet. Wéi aus de Geriichtsdokumenter vum Brad Pitt sengen Affekoten ervirgeet, déi AFP virleien, huet de Riichter déi “virleefeg Entscheedung” getraff, dass den Accord fir déi 6 Kanner misst op Wonsch vum Papp geännert ginn.

2018 haten de Brad Pitt an d’Angelina Jolie annoncéiert, sech gëeenegt ze hunn. Ma dës Decisioun ass elo, wéi et schéngt, hifälleg. US-Medien no wëll den Acteur e gemeinsaamt Suergerecht, d’Schauspillerin dogéint wëll d’Suergerecht fir sech eleng beusprochen. Si huet dem Pitt virgeworf, d’Kanner virun engem Fluch vu Frankräich op Los Angeles geschloen ze hunn. Den FBI huet d’Ermëttlunge wéinst Kandsmësshandlung allerdéngs op Äis geluecht.

Weider soll an deem Geriichtsdokument stoen, dass d’Aussoe vum Angelina Jolie “a ville wichtege Beräicher net glafwierdeg wieren”.

D’Scheedung hate Brangelina 2016 agereecht, no 2 Joer Bestietnis an 11 Joer Bezéiung.

Back to Top
CIM LOGO