LIVE! Planet PeopleTheresa Baumgärtner, Dominik Eulberg, Sébastien Wilem a Rohan van Riel

RTL Lëtzebuerg
E Freideg goung et ëm Kachen, Natur, Dauchen an Driften.
Live! Planet People vum 25. Oktober 2024
E Freideg goung et ëm Kachen, Natur, Dauchen an Driften.

D’Theresa Baumgärtner ass eng passionéiert Kächin an iwwerrascht eis am neiste Buch mat engem “Velvet Winter”, dofir ass si an d’Universitéitsstad Oxford gereest an huet sech an de brittesche Cotswolds ëmgekuckt an inspiréiert. Déi bekannt TV-Kächin, déi eis déi lescht Jore vill Kach- an Dekoiddie mat op de Wee ginn huet, wollt dëst Joer emol verdreemten Dierfer gesi mat klengen Haiser aus Steen an engem schéine Kamäi bannenan. An esou gëtt aus dem Wanter déi romanteschst Zäit vum Joer, an där ee sech et mat guddem Iessen an Drénke gemittlech maache kann.
www.theresaskueche.de

Den Dominik Eulberg wëll engem d’Schéinheete vun der Natur méi no bréngen a kënnt den 22. November an den Athénée. Den Auteur vu Bicher wéi “Von Angesicht zu Angesicht”, “Mikroorgasmen überall” an “Tönende Tiere” huet awer och scho Kaartespiller erausbruecht. Nom Motto “Die Natur ist die grösste Künstlerin von allen” kënnt hie mat senger Show och den 22. November op Invitatioun vum Nationalmusée fir Naturgeschicht op Lëtzebuerg, fir eis d’Natur mat hire schéinste Säiten ze weisen, parallel zur Expo “Tönende Tiere” am MNHN am Gronn.
www.dominik-eulberg.de

Affiche Eulberg-Show

Back to Top
CIM LOGO