
Dësen Trikot hat d’Basket-Legend beim éischte Match vun der NBA-Finallserie 1998 un. Dat Joer huet den Jordan am Trikot vun de Bulls seng sechs a lescht Meeschterschaft gewonnen.
Dat lescht Joer scho goufen dem Jordan seng Schong aus deem Joer fir 1,5 Milliounen Dollar versteet.
Dëse rouden “Chicago Bulls"-Trikot huet den ale Rekord fir Sportstrikote vum Diego Maradona däitlech gebrach. Dem Maradona säin Trikot aus dem Joer 1986, deen hie beim legendären “Hand Gottes"-Gol unhat, gouf 2021 fir 8,6 Milliounen Dollar versteet.