
Hien ass dout a senger Wunneng fonnt ginn. Bekannt gouf de Willi Herren mat senger Roll an der “Lindenstraße”, wou hie bei 170 Episoden dobäi war. Weider hat hie reegelméisseg Optrëtter als Party-Sänger um Ballermann.
An de leschte Joren huet hie bei ville Reality-Shows matgemaach, dobäi ënnert anerem “Dschungelcamp”, “Promi Big Brother” a “Sommerhaus der Stars”.
De Willi Herren ass nëmme 45 Joer al ginn.