
De virleefege Fazit ass: Premium-Wäiner schmaachen och no engem Openthalt am Weltall gutt. 12 Fläsche roude Wäin ware 14 Méint am Weltall ënnerwee.
Bei 11 vun den 12 Fläsche Péitruss-Wäin konnte Verännerungen a puncto Faarf, Geroch oder Goût festgestallt ginn, awer d’Qualitéitsënnerscheeder wiere marginal. De Weltraum-Wäin hätt esouguer e “blimmelegen Aroma”, huet d’Wäinexpertin Jane Anson ënnerstrach.
Am Kader vum däitsch-franséische Fuerschungsprojet vun der Universitéit Erlangen an der CNES wollte Wëssenschaftler d’Widderstandsfäegkeet vun dësem Gedrénks testen. D’Resultater vum Projet kënnen zu Upassungen an der Landwirtschaft bäidroen an och a puncto Klimawandel behëlleflech sinn.
Péitruss-Wäiner zielen zu den deierste Wäiner vun der Welt. Eng Fläsch kascht an der Moyenne e puer Dausend Euro.