RTL Infos huet bei zwou Supermarchéschaînen nogefrotWat kënnt zu Lëtzebuerg iwwer d'Feierdeeg op den Dësch

RTL Lëtzebuerg
Foie Gras, Hunn a Bûche oder awer éischter méi geselleg mat Fondue oder Raclette?
© pexels.com / Nicole Michalou

D’Kolleege vun RTL Infos sinn der Fro nogaangen, wat iwwer d’Feierdeeg zu Lëtzebuerg giess gëtt. Dofir hu si bei zou grousse Supermarchéschaînen nogefrot, wéi eng Liewensmëttel a leschter Zäit besonnesch vill verkaf goufen.

Genee Zuelen hu béid Entreprisen zwar net genannt, ma besonnesch vill kaf goufen ënner anerem Rieslingspaschtéit mat Saumon, Foie gras, Austeren a Mieresfriichten. Ausserdeem wieren d’Coquilles Saint Jacques a Filet vun der Lott ganz beléift gewiescht.

Beim Fleesch géife sech dann ëmmer méi Leit fir méi deier Stécker, wéi zum Beispill de japanesche Wagyu-Filet entscheeden. Donieft géifen awer och net traditionell vegetaresch a vegan Platen ëmmer méi verkaf ginn.

Back to Top
CIM LOGO