
Mir mussen zouginn, datt et natierlech och aner Kanner gëtt, déi ganz brav a roueg am Auto sëtzen a keen Toun vu sech ginn, bis datt een op der Vakanzendestinatioun ukomm ass. Allerdéngs, esou soen d’Fuerscher vun der Nottingham Trent University, géif esouguer dat braavste Kand iergendwann onroueg ginn. Dofir hunn d’Fuerscher eng Gläichung op d’Bee gestalt, mat där een ausrechne kéint, wéini säi Kand am Auto onroueg géif ginn. Follgend Gläichung hu si erausfonnt:
T = 70 + 0.5 E + 15 F – 10 S
Am Duerchschnëtt soll e Kand no 70 Minutten Auto es genuch hunn. Dës 70 Minutte kënnen awer duerch ënnerschiddlech Facteure beaflosst ginn. Esou soll, wann d’Kand ënnerhale gëtt (E), de Risiko, fir datt d’Kand duerchdréint, minimiséiert ginn. Och wann d’Kand eppes ze knabbere kritt, soll de Risiko méi kleng gehale ginn (F). Esou soll d’Kand d’Rees ëm 15 Minutte pro Moolzecht méi laang aushalen. Geschwëster (S) sollen allerdéngs en negativen Afloss op d’Verhale vum Kand hunn. Si verkierzen d’Zäit ëm 10 Minutten.
Esou sollen d’Elteren ausrechne kënnen, wéini hiert Kand es genuch huet vun der Rees am Auto, soen d’Fuerscher vun der Nottingham Trent University.