Appellsprozess an der Affär LunghiFräisproch fir fréier Journaliste Marc Thoma a Sophie Schram

Michèle Sinner
Fräisproch fir déi fréier Journaliste Marc Thoma a Sophie Schram, dat ass d'Urteel am Appell vum sougenannte Lunghi-Prozess ëm de fréiere Mudam-Direkter Enrico Lunghi.
© Laurent Weber / RTL

Dem fréieren RTL-Direkter Alain Berwick säi Fräisproch aus éischter Instanz gouf confirméiert.

D’Affekotin vun der Sophie Schram, Lydie Lorang, sot nom Prononcé: "Endlech ass Recht a Gerechtegkeet gesprach ginn." D'Faite leie bal zéng Joer zréck. Am Hierscht 2016 hat d'Sophie Schram mam deemolege Mudam-Direkter Enrico Lunghi en Interview gemaach. Wärend deem hat hien hir de Mikro ewechgedréckt a si um Handgelenk gepaakt.

Déi Zeen gouf 11 Deeg méi spéit an engem Reportage diffuséiert, an deem d'Sophie Schram mat engem Verband um Aarm ze gesi war. An der Suite hat den Enrico Lunghi eng Affaire disciplinaire kritt a vu sengem Posten demissionéiert. Zanter bal zéng Joer geet et also ëm d’Fro, ob den Enrico Lunghi an deem Reportage falsch duergestallt gouf. Do dra waren 28 Sekonne geschnidde ginn, an et gouf net gesot, datt hie sech dono bei der Journalistin entschëllegt huet.

An éischter Instanz waren déi fréier RTL-Journaliste wéinst Diffamatioun a Calomnie zu enger Geldstrof vu jeeweils 1.000 Euro verurteelt ginn.

Nom Fräisproch am Appell sot d'Lydie Lorang, et wier een immens erliichtert: "Mee mir hunn eis gefrot, wéi gëtt der déi zéng Joer erëm, wou se injuriéiert ginn ass, wou se gemobbt ginn ass, wou se de Geck mat der gemaach ginn ass, wou se als inkompetent dohinner gestallt ginn ass, wou se huet missten d'Land verloossen a wou einfach nëmmen op se getrëppelt ginn ass. Wie gëtt der déi zéng Joer erëm?"

Den Affekot vum Marc Thoma, Daniel Baulisch, sot, hien hätt sech dëst Urteel erwaart: "An et ass e groussen Dag fir d'Pressefräiheet, net nëmme fir mäi Client, den Här Thoma, mee fir d'Journalisten an d'Pressefräiheet an dësem Land. Datt et sou wäit muss kommen, dat ass en Aarmutszeugnis deelweis vun der Justiz. An ech sinn awer frou, datt d'Cour d'Appell hei d'Kéier kritt huet. Ech hat ee gutt Gefill, well se sech hiert eegent Bild gemaach huet a sech net beaflosse gelooss huet vun engem Presserot, Alia, Commissaire à la Discipline."

An enger separater Affär goufen den Enrico Lunghi zu enger Geldstrof vun 8.000 Euro a seng Fra, Catherine Gaeng, zu enger Geldstrof vu 5.000 Euro an 12 Méint Prisong mat Sursis verurteelt. D'Catherine Gaeng hat an engem Buch iwwer d'Affär Informatiounen aus dem Untersuchungsdossier publizéiert. Och hei kënnt et nach zu engem Appellsprozess.

Back to Top
CIM LOGO