Stress bei KannerWéini muss ee sech Suerge maachen a wat kann een dogéint maachen?

RTL Lëtzebuerg
D’Viviane Clausse huet 20 Joer laang eng Crèche geleet an, an där Zäit festgestallt, dass net just d’Elteren, mee och hir Kanner ëmmer méi gestresst sinn.
Stress bei Kanner
D’Viviane Clausse huet 20 Joer laang eng Crèche geleet an an där Zäit festgestallt, dass net just d’Elteren, mee och hir Kanner ëmmer méi gestresst sinn.

Haut bitt si dofir Yoga- a Sophrologie-Coursë fir Kanner un, eng Technik, fir z’entspanen an déi ënnerlech Balance erëm ze fannen. Drock an der Schoul, Problemer mat de Kolleegen oder an der Famill – an dann nach eng Pandemie, déi keen Enn hëlt. All dat léist och bei Kanner Stress aus. An dee weist sech dann zum Beispill a Form vun Onrou, Konzentratiounsproblemer oder och Bauchwéi. Mat der Hëllef vum Viviane Clausse sollen d’Kanner awer léieren hire Stress selwer ze geréieren.

Viviane Clausse: “Et ass wichteg, dass d’Kanner hir Spannungen ufänke selwer ze spieren. An och selwer erausfannen ‘hei dat doten deet mir gutt, dat gefält mir och’. (...) Otmungsübunge kënne se an der Schoul oder doheem maachen.”

An hiren Eltere-Kand-Coursë bënnt d’Viviane Clausse och d’Mammen a Pappe vun de Kanner mat an. Wann déi Erwuessen nämlech gestresst sinn, wierkt sech dat eventuell och op hir Kanner aus. D’Tiziana Olivetti an hire Fils Alessandro besichen zanter Oktober 2020 der Viviane Clausse hir Coursen. Si hätt no enger Aktivitéit gesicht, wou si zesumme mat hirem Jong ofschalte kéint. A mam Yoga hätte si dat Richtegt fir sech fonnt.

Tiziana Olivetti: “Mir gesinn eis jo net sou vill, moies an owes. A wa mir da kënnen eppes zesumme maachen, ass dat ëmmer schéin. An och déi Übungen, wou mir da matenee sinn, wéi déi, wou hien op mengem Réck läit, dat ass ëmmer ganz schéin, wann een (...) den Zesummenhalt och spiert.”

D’Corona-Pandemie wier een zousätzleche Facteur, dee fir Stress suergt, ma och virdru wier den Alldag schonn hektesch gewiescht, erzielt d’Tiziana. Vill verschidden Aktivitéiten an d’Aarbecht hätten och hir Auswierkungen. Verspaante Muskelen ass eng vun de Konsequenzen.

Sinn d’Methoden, déi een am Sophrologie-Cours léiert, bis eemol verënnerlecht, erkennen d’Kanner selwer hir Uspanungen a kënnen eppes dogéint maachen. Ideal fir den Alldagsstress z’iwwerwannen, fannen och d’Dr Nora Wurth an d’Joana Gross, déi zesummen an der Pedopsychiatrie schaffen. An hire Consultatioune gesi si awer och déi méi schwéier Fäll vu gestresste Kanner. Well et gëtt normale Stress mat adequate Symptomer, an dee Stress, deen doriwwer erausgeet, erkläert d’Psychologin Joana Gross.

Zäit an Entwécklung spillen hei eng grouss Roll. Huet ee Kand zum Beispill iwwert ee méi laangen Zäitraum keen Honger, Bauchwéi oder Albdreem, oder verschlëmmeren d’Symptomer sech ëmmer méi, schwätzt ee vu seriöem Stress.

Global gesinn, haten d’Nora Wurth an d’Joana Gross iwwer d’Joer 2020 net méi Patiente wéi soss. An awer konnt ee feststellen, dass verschidde Momenter méi schwiereg ware wéi anerer – wéi zum Beispill am Dezember, wou Ritualer wechgefall sinn an d’Ongewëssheet grouss war.

Dr. Nora Wurth: “Mir gesinn all Kéier, wann Deconfinement ass, et ass vill méi schwiereg, wéi wa Confinement ass. Soubal Saachen nees opginn, ass et vill méi schwiereg ze handhaben, wéi wa Saachen zouginn. Wann d’Saachen zouginn, da probéiert ee sech bëssen ofzeschierme vun allem, an da mécht een, wéi wann ee just a senger klenger Welt doheem wier, wat jo och gutt ass dee Moment. Mee de Problem ass, wann een dat ganz laang mécht, ass de Wee fir zréck ëmmer nees méi schwéier.”

Wéi kënnen d’Elteren dann hëllefen?

Sou banal wéi et kléngt, wier et fir d’éischt emol wichteg, ganz vill mat senge Kanner ze schwätzen. Do dernieft sollt een Normalitéit erabréngen, andeems een den übleche Rhythmus an Oflaf vum Dag bäibehält. Sech dobaussen un der frëscher Loft ze beweegen oder Kolleegen ze gesinn, wier och ganz wichteg, esou d’Psychiaterin Dr Nora Wurth.

D’Tiziana konnt op alle Fall séier de Benefice vun den Entspanungsübungen erkennen. Si hätt gemierkt, dass si an den Alessandro méi entspaant gi wieren. Allen zwee probéieren d’Otemübungen och an hirem Alldag ze maachen, sief et an der Schoul oder op der Aarbecht.

An der Viviane Clausse hiren Aen wier et wichteg, esou Techniken scho ganz fréi ze léieren.

“Se kréien ee bessert d’Kierpergefill, kënne sech besser expriméieren. Dat ass och dat, wat se a menge Coursë geléiert ginn. ‘Ech si midd, hei zitt et vill, meng Gedanke sinn duercherneen’, dat kënne se dee Moment ausdrécken. An dat ass jo och en Deel dovunner, wat se léieren an och fir hiert spéidert Liewe mathuelen. An dofir ass et wichteg, dass dat vu Klengem u geléiert gëtt.”

D’Sophrologie wier virun allem een Outil, fir mat sengen eegene Ressourcë rëm zum Gläichgewiicht ze fannen. Ma wann een de Stress bis net méi selwer evakuéiert kritt, sollt een net zécken, sech therapeutesch Hëllef ze sichen – egal ob Grouss oder Kleng.

Back to Top
CIM LOGO