Greta ThunbergZanter 134 Woche scho Freides-Streik

RTL Lëtzebuerg
Den 20. August 2018 huet der Greta Tintin Eleonora Thunberg hire Schoulstreik fir de Klima virum schwedesche Reichstag zu Stockholm ugefaangen.
© AFP

Zanterhier hu sech Millioune Schüler weltwäit der “Friday for Future"-Beweegung ugeschloss an d’Schweedin ass zur globaler Ikon ginn. Déi jonk Aktivistin ass Virbild an och Reizfigur gläichzäiteg ginn. Aus engem klenge Streik vun e puer Wochen huet sech ganz séier eng weltwäit Protestbeweegung entwéckelt. Um éischte globale Klimastreik am Mäerz 2019 hu sech op der ganzer Welt geschaten iwwer 1,4 Millioune Schüler ugeschloss.

D’Corona-Pandemie huet d’Aktioun natierlech gebremst. Hir Protester huet d’Greta Thunberg, déi am Januar hir 18 Joer krut, an d’Digitaalt verluecht.

Back to Top
CIM LOGO