WantersportZe wäit bis an de Schnéi? Wat sinn d'Alternativen an der Groussregioun?

RTL Lëtzebuerg
Déi meescht Lëtzebuerger zitt et an der Fuesvakanz an de Wantersport. Ma wat maachen, wann een net wëll stonnelaang fueren?
Schi an der Groussregioun
An der Fuesvakanz zitt et de Gros vun de Leit an de Wantersport. Ma wou fiert een hin, wann een net stonnelaang wëll Auto fueren?

Ginn et Alternativen amplaz sechs bis aacht Stonnen am Auto ze sëtzen? Wou kann een zu Lëtzebuerg oder ronderëm Schi fuere goen, wou ee sech net méi wéi zwou Stonne muss deplacéieren?

Mir waren op dräi Plazen: zu Wäiswampech fir Laanglaf, op der Baraque de Fraiture fir Schi an am Wantersportzentrum Erbeskopf an Däitschland. Wat huet an deene leschten 10 Joer geännert a wéi gesäit d’Zukunft aus vun dëse Gebidder? Mir hunn nogefrot.

Back to Top
CIM LOGO