De Känguru gëtt zum Problem: Erschéissen oder erhéngere loossen?

U sech ass de Känguru d'Symbol vum Kontinent Australien an d'Beideldéier steet och ënner Schutz. Ma aktuell gëtt de Känguru zum Problem.
E groussen Undeel un der aktueller Situatioun an Australien spillt d'Wieder: De Ville Reen huet dofir gesuergt, datt d'Kängurue vill ze friesse fonnt hunn a sech doduerch och däitlech méi a méi séier reproduzéiert hunn, wéi et an de leschte Joerzéngten an Australien normal war. De Problem ass elo awer, sollt een d'Populatioun net andämmen an d'Fudder gëtt eng Kéier manner, kéinte Millioune vun Déieren den Hongerdoud stierwen.
Déi lescht dräi Joer huet d'Wiederphenomen La Niña dofir gesuergt, datt et an Australien vill gereent huet an de Zenario war perfekt, fir datt d'Kängurue sech méi heefeg fortplanzen, erkläert den Dennis King vum Verband vun der Känguru-Industrie.
Ufank vun dësem Joerdausend gouf et an Australien eng gréisser Drécheperiod an d'Populatioun vun de Känguruen ass op ënner 30 Millioune gefall. Ma mat dem aktuellen Zenario kéint se deemnächst op méi wéi dat duebelt eropgoen. Gëtt dann d'Iessen, wann déi méi naass Zäit eriwwer ass, nees méi knapp, kéint dat fir vill Déiere fatal Suitten hunn. "Si friessen op ëffentlechen Toiletten den Toilettëpabeier oder léien op de Stroossen, well se verhéngert sinn. [...] Wärend der leschter Dréchent sinn a verschiddene Géigende vum Land geschat bis zu 90 Prozent vun der Känguru-Populatioun gestuerwen", erënnert sech Katherine Moseby zeréck.
De beschte Wee, fir de Kängurue dëst grausaamt Schicksal ze erspueren, ass en Deel vun hinnen ze joen an hiert Fleesch e Lieder ze notzen, esou d'Ëmweltschützerin Moseby weider. Hirer Meenung no sollt een d'Déieren als Ressource kucken. "Dat hält d'Zuel vun de Känguruen niddereg, esou datt mer bei der nächster Dréchent keng Problemer kréien".
Eenzege Problem un dësem Wee: De Känguru ass an Australien geschützt, och wann déi am meeschte verbreeten Aarten net vum Ausstierwe menacéiert sinn. Mat enger Autorisatioun dierf een awer an de meeschte Deeler vum Land d'Beideldéier joen. All Joer ginn esou bis zu fënnef Millioune Kängurue fir de Commerce erschoss.
Déiereschutzorganisatioune gesinn dëst kommerziellt ofschéissen awer als e "grausaamt Massaker" un. Si maachen Drock op vill Entreprisen, wéi Nike oder Puma, datt si op Lieder aus Känguruhaut verzichten. 2021 huet Nike dowéinst de Kontrakt mat sengem eenzege Liwwerant gekënnegt an huet och annoncéiert, datt ee vun 2023 u kee Kängurulieder méi wéilt notzen.
Esou Campagne géint d'Känguru-Industrie wieren zwar gutt gemengt, géifen awer laanscht d'Zil féieren, seet den Expert fir Känguru-Populatioun George Wilson: "Si (d'Déiereschützer) soen, et wier onethesch, fir Déieren ëmzebréngen. Et ass awer onethesch, se erhéngeren ze loossen. Et wier grausam, näischt dogéint ze maachen". Änlech gesäit dat d'Ëmweltschützerin Moseby. Hirer Meenung no wier et net zum Wuel vun de Känguruen, wann ee se net méi géif fir hiert Fleesch oder Lieder schéissen. "Dat wäert d'Saach just nach méi schlëmm maachen."