Vill Déieren, kaum Plaz
Vakanzenzäit, eng schwiereg wirtschaftlech Situatioun, oniwwerluechten Uschafungen - et gi vill Grënn, firwat Proprietäre vun Hausdéiere si ofginn.
An den Asyler kennt een all d'Grënn. Et vergeet keng Woch an där ee keng Uriff kritt, fir Déieren opzehuelen.
D'Schëfflenger Asyl ass 2021 an ee ganz neit Gebai geplënnert. Zanter der Ouverture si si awer praktesch ëmmer voll beluecht bei den Hënn. Si hu fënnef Cagen, heiansdo kann een och mol zwee Hënn an enger halen. An heiansdo fënnt een och mol fir den Iwwergang eng Plaz fir ee Mupp an engem anere Raum. Virun allem bei grousse Muppe brauch et dacks seng Zäit, bis dass si hir optimal Famille fonnt hunn. Dobäi kommen och heiansdo nach Fäll vu saiséierte Muppen, déi bei hinnen ënnerkommen a bleiwe mussen, bis dass eng geriichtlech Entscheedung getraff ass. Och esou Fäll blockéiere Plazen, déi een net fir nei Hënn huet. Si mussen aktuell mat enger Waardelëscht schaffen a kréien all Woch Uriff vu Leit, déi hir Déieren net méi hale wëllen.
Si probéieren zwar ëmmer ze hëllefen, am beschte Fall fënnt een eng Léisung an der Famill oder et verweist een un aner Asyler oder Associatiounen. D'Situatioun ass bei deenen aneren Asyler awer net anescht.
"Net méi ze geréieren"
Et gi véier Déierenasyler, déi zu Lëtzebuerg Hënn a Kazen ophuelen, déi sinn zu Esch, Diddeleng, Schëffleng a Gaasperech. Fir Kaze ginn et aktuell nach Plazen. Am Fréijoer an am Hierscht komme vill Klenger op d'Welt, da kënnt och hei méi Aarbecht op d'Asyler zou. Aktuell ass d'Situatioun nach relativ roueg.
Anescht ass et bei den Hënn, déi véier Asyler schaffe mat Waardelëschten. D'Cagë sinn all beluecht an och aner Hënn waarden op eng Plaz am Asyl, wëll si net méi bei hire Besëtzer bleiwe kënnen. Dat sinn der 10 Stéck zu Diddeleng, 5-6 zu Esch, 6 Hënn zu Schëffleng. Zu Gaasperech schaffe si och mat enger Waardelëscht, déi géif awer ëmmer immens variéieren. Allgemeng wär d'Situatioun immens schwéier ze geréieren, erzielt eis d'Liliane Ferron vum Gaasperecher Asyl um Telefon.
D'Gaasperecher Asyl huet och bäi wäitem déi gréisste Capacitéiten. Si hu 76 Cagen, zu Schëffleng ginn et der 5, Esch huet 11 Plazen an zu Diddeleng ginn et zwar just 4 Cagen, si schaffen awer vill mat Gruppenhaltung a kéinte maximal 20 Hënn op eng Kéier ophuelen.
96 Cagë ginn et zu Lëtzebuerg fir Hënn an Nout opzehuelen an op d'mannst 21 Muppe waarden aktuell op esou eng Plaz - d'Waardelëscht vum Gaasperecher Asyl net mat agerechent.
Ee fënneft Asyl?
Virun engem knappe Joer ass een Opruff vum Landwirtschaftsministère gemaach gi bei de Gemenge fir ee weidert Asyl. Dat heescht et gëtt engersäits eng Plaz gesicht, wou d'Asyl kéint sinn, an anerersäits awer och eng Associatioun, déi déi nei Struktur géif geréieren. D'Bérit Majeres vum Landwirtschaftsministère a responsabel fir de Bien-être animal erkläert: "Och do wär et net verkéiert eng Struktur am Norden ze hunn. Mee och dat ass eng kuerzfristeg Léisung, well iergendwann ass dat Asyl och voll, wa mir esou viru maachen. Also bleift et fir eng laangfristeg Léisung, dass d'Leit rëm selwer Verantwortung iwwerhuelen."
D'Diddelenger Déierenasyl gëtt am Moment ausgebaut an zu Gaasperech entsteet een neit Kazenhaus. Bei Neibauten oder Ausbaute leet de Landwirtschaftsministère 30 Prozent bäi.
Hamster, Exoten a Co
Hënn a Kaze sinn net déi eenzeg Hausdéieren, déi an Nout kënne geroden. Vill privat Associatioune këmmere sech ëm esou Déieren. Eng dovunner ass d'ASBL Hamster.lu. Den Dan Thill huet zesumme mat senger Ekipp viru 7 Joer d´Associatioun gegrënnt fir deene klengsten Déieren och eng Chance ze ginn: "Et ass kee wierklech, dee sech zu Lëtzebuerg dorop spezialiséiert, an deementspriechend ass et een Häerzensprojet ginn. Einfach fir deene klengsten Déieren eng Stell ze bidden, wou si kennen opgeholl ginn." Si sensibiliséiere ronderëm d'Haltung vun Hamsteren, bei där et nach vill Mëssstänn ginn, huelen Hamsteren an aner Nagedéieren an Nout op a vermëttele si och virun.
Och d'Wëlldéier-Statioun zu Diddeleng këmmert sech net méi just ëm wëll Déieren, déi blesséiert sinn, mee zu hire Patiente gehéiere mëttlerweil och Exoten. "Mir hu bëssen ugefaangen aus Noutwendegkeet, well et keng Struktur zu Lëtzebuerg gouf, déi déi Déiere konnt ophuelen", erzielt d'Jill Gaasch vun der Opfangstatioun, "Well awer ëmmer rëm Papageien oder sou fonnt gi sinn a kee wosst, wou en déi da kéint ofsetzen a mir hu jo am Fong Volièren, zwar fir déi Wëll, mee et huet e bëssen esou ugefaangen."
Am Moment soll zu Diddeleng och ausgebaut ginn, méi Plaz fir wëll Déieren, awer och méi Plaz fir Exoten. Déi meeschtens esou laang eng Plaz brauchen, bis si adoptéiert ginn. Well dat hu si all gemeinsam, fir all eenzele vun deenen Déiere ginn nei Besëtzer gesicht, déi sech de Rescht vum Déier sengem Liewen ëm et këmmeren.