Rettungsaktioun zu RodangeHond war an engem Parking an ee Schacht gefall

RTL Lëtzebuerg
E Freideg den Owend war de Centre d'incendie et de secours vu Péiteng op eng méi speziell Rettungsaktioun geruff ginn.
© CGDIS / Facebook

Wéi vum CGDIS op de soziale Medien och matgedeelt gouf, war zu Rodange een Hond an e Schacht tëscht enger Mauer an der Ramp vun engem Parklift gefall. D’Pompjeeë konnten op der Onglécksplaz séier hëllefen an den Hond no kuerzer Zäit “gesond a monter” un d’Besëtzerin zréckginn.

Back to Top
CIM LOGO