Am November d'lescht Joer gouf de Kueder "Loki", e Fräigänger vu Köln, entféiert. Lo ass hien nees doheem, no Ermëttlungen.

De 16. Februar hat de Proprietär vum Loki engt Plainte bei der Police gemaach, do virdrun hat hie scho ganz laang mat Hëllef vu Plakater no sengem Kueder gesicht. Ouni Succès. D'Halsband vum Déier mat engem agebitzten Airtag hat hien do schonn erëmfonnt, dat louch am Gehecks an der Géigend vun der Autobunnsopfaart Köln-Poll. Keng Spuer vum Loki an eng méiglech Entféierung  gouf ëmmer méi warscheinlech.

De Loki war allerdéngs och gechippt an doriwwer koum dunn och den Hiweis, dass de Kueder kéint zu Marienheide sinn. Tatsächlech goufen aus deem Eck Enn lescht Joer och ëmmer nees Kazebiller op engem TikTok-Profil eropgelueden, déi der vermësster Kaz immens geglach hunn. Dëst Profil huet d'Police dunn och op d'Spuer vun der 24 Joer aler Entféierin bruecht.

D'Ermëttlungen hunn erginn, dass si de Loki dobaussen zu Köln erbléckst hat an dunn einfach matgeholl huet. Den Airtag, respektiv d'Halsband huet si ewechgehäit.

Antëscht ass de Loki nees doheem, bei sengem iwwergléckleche Besëtzer. Seng Entféierin erwaart elo e Verfaren wéinst Déifstall.