An der Nuecht op e Sonndeg gouf géint 2.50 Auer ee rumänesche Camion op der däitscher A2 ugehalen.

Bei der Kontroll huet sech erausgestallt, datt dëse mat enger Rei exoteschen Déieren ënnerwee war, déi vum Gesetz geschützt sinn. Dorënner waren ee "Riesentukan" (lat.: Ramphastos toco), eng "Kronentaube" (lat.: Goura cristata), e gréngen "Arassari" (lat.: Pteroglossus), e "Jägerliest" (lat.: Dacelo novaeguinea), sechs "Koi-Karpfen" (lat.: Cyprinus rubrofuscus "koi") an zwee "Störe" (lat.: Acipenseridae).

Well de Chauffer keng offiziell Pabeieren an Dokumenter vun den Déiere virweise konnt, huet d'Police d'Weiderfuere vum Camion verbueden an d'Déieren un en Déierenheem zu Hannover geschéckt. Ob et sech dobäi ëm en illegalen Transport gehandelt huet, gëtt elo ermëttelt.