Bei der Wiel am Katmai-Nationalpark konnt de Brongbier "Chunk" sech duerchsetzen. D'Titelverdeedegerin "Grazer" huet hiren 3. Titel a Serie verpasst.

Chunk the Hunk. Chunkster. 32 Chunk. Den neie Kinnek vum nërdlechsten US-Bundesstaat. Sou gëtt den déckste Brongbier a ganz Alaska beschriwwen. Wärend enger Woch waren hien an 11 aner Bieren an der Course ëm dëse prestigiéisen Titel gewiescht. No sechs Walronne stounge just nach hien an zwee aner Konkurrenten an der Finall.

Fir den "Chunk" ass et den éischten Titel iwwerhaapt. D'Ranger aus dem Park schätze säi Gewiicht op iwwer 500 Kilogramm. Déi lescht zwee Joren hat d'Bieren-Damm "Grazer" de Concours jeeweils gewonnen. Fir déi 11. Kéier hat de Park am Südweste vun Alaska seng "Fat Bear Week" organiséiert. Op der Internetsäit explore.org konnt ee fir d'Bieren ofstëmmen a se via Webcam beim Fänke vu Saumon beobachten. Aus méi wéi 100 Länner wiere gutt 1,6 Millioune Stëmmen agaangen.

Mat deem kuriéise Concours wëllt de Katmai-Park iwwert den Ökosystem an de Liewensraum vun de méi wéi 2.000 Brongbieren an der Regioun informéieren, an ausserdeem op d'Gefore fir d'Déieren opmierksam maachen. No där ustrengender Woch kënnen d'Bieren dann elo alleguer hir verdéngte Wanterrou halen. Genuch Speck hu se sech jo lo dofir ugefriess.