
© pressphoto
Zu Suessem an zu Ettelbréck hu Grouss a Kleng no Eeër gesicht an zu Nouspelt op der Emaischen waren d'Providers an et war Millenium Bal.
Wa mer vun Traditioun op Ouschtere schwätzen, komme mer net laanscht d'Emaischen zu Nouspelt oder d'Éimaischen an der Stad.
Nouspelter Emaischen
Zu Nouspelt war et dëst Joer déi 63. Editioun a schonn e Samschdeg den Owend war et mat engem Concert vun der Band Providers lassgaangen. Um Sonndeg an um Méindeg da konnt ee sech op d'Juegd no de Péckvillercher maachen, déi op 15 verschidde Stänn vun den "Aulebäcker" ugebuede goufen. Wien hei awer nach sécher vun all Zort vun den nummeréierten a limitéierte Villercher ee kréie wollt, hat am Beschte ganz fréi um Méindeg de Wee op Nouspelt ze fannen. Weider gouf et awer och nach vill aneres ze kucken a fir Animatioun fir déi Grouss an déi Kleng war och gesuergt.
Fotoe vum Roland Miny
FOTOGALERIE: Andréck op Pressphoto.rtl.lu
Fotoe vum Arthur Mousel
Éimaischen an der Stad
Kulturell net manner interessant war dann d'Éimaischen um Fëschmaart an der Stad, déi vum Comité Alstad organiséiert gouf. Och op dëser 192. Editioun huet de Péckvillchen net feelen dierfen. Et gouf och dëst Joer mat vill Musek an engem flotte Programm dofir gesuergt, datt sech op Ouschterméindeg keen um Fëschmaart soll langweilen.
Wou kënnt Ouschteren hier?
Dass Ouschteren e kierchlechen Hannergrond huet, misste mer all wëssen. An der Kierch ass et esouguer dat wichtegst Fest vum Joer. Well op Ouschteren gëtt d'Operstehung vu Christi gefeiert. D'Virbereedung fänkt am Fong schonn op Äschermëttwoch un.
RTL-Artikel: Wou kënnt Ouschteren hier?
RTL-Artikel: Ouschteren: Wat gehéiert fir de Lëtzebuerger zur Traditioun?
Iwwregens léif Fraen, wann Dir op Bretzelssonndeg vun ärem Léifsten eng Bretzel krut, an déi och akzeptéiert hutt, ass et op Ouschteren un iech, him en Ouschteree ze schenken.
Dës Traditioun geet op de Begrëff "de Kuerf kréien" zeréck. Huet d'Fra d'Bretzel net akzeptéiert, huet si dem Mann traditionell e Kuerf mat ginn.
LINK: D'Traditioun vu Bretzelsonndeg an Ouschteren
Dëser Deeg sinn d'Kanner dann och nees mat hire Klibberen ënnerwee. Klibberen ass eng al kathoulesch Traditioun. D'Kanner, meeschtens Massendénger, gi vu Gréngen Donneschdeg u bis Ouschtersonndeg duerch d'Stroosse klibberen.
RTL-Artikel: Opgepasst, d'Kanner ginn dëse Weekend klibberen
Ouschtereeër-Sich
Zu Ettelbréck ass e Samschdeg de Moien dat gëllent Ee gesicht ginn.
De Jean-Paul Jungels vu Warken huet de grousse Präis mat sengem gëllenen Ee gewonnen, dat a Form vun 1.000€.

E Sonndeg de Moien hu Grouss a Kleng no enger Hellewull Eeër, déi den Ouschterhues am Suessemer Schlasspark verstoppt hat, gesicht.
Wat ass soss nach esou lass?
Zu Gréiwemaacher ginn dann op Ouschtere 7 Ausstellungen am Kader vum Maacher Oart organiséiert.
RTL-Artikel: Um Ouschterweekend: "Maacher Oart" mat e sëllechen Ausstellungen
Weider ginn et vill flott Méiglechkeeten, fir de verlängerte Weekend an d'Feierdeeg ze verbréngen. Esou huet de Beetebuerger Park seng Dieren erëm opgemaach an och de Päiperleksgaart zu Gréiwemaacher ass zanter dem 1. Abrëll nees op.
RTl.lu - Parc Merveilleux: De Park zu Beetebuerg ass an déi nei Saison gestart
RTL.lu - Gréiwemaacher: De Päiperleksgaart huet seng Dieren nees opgemaach
Op Karfreideg gouf et vum Fëscherclub vu Waasserbëlleg a bei den CS Gréiwemaacher gebakene Fësch. De Jean Walté huet eis flott Fotoe matbruecht.