Mam Klapprad de Bierg eropfueren, ass nawell en Challenge. De Luc Mergen ass nach méi wäit gaangen, zum Beispill nom Mont Ventoux elo op de Stelvio.

Viru Méint hat hien ugekënnegt e géif de Stelvio an Italien mam Klapprad eropfueren.Nom Mont Ventoux war dëse Pass um Rendez-vous. Den 23. Juli war et esouwäit. De Luc Mergen ass fir de gudden Zweck 25 km biergop gefuer, mam Challenge: Fouss op de Buedem, Erausfuerderung net gepackt.

Wéi ass et ausgaangen, hat hie sech iwwerschat oder ass alles no Plang gelaf. De Philippe Dondelinger huet de Luc Mergen op sengem Tierche begleet.