Nom Mont VentouxLuc Mergen: Mam Klapprad op de Stelvio

RTL Lëtzebuerg
Mam Klapprad de Bierg eropfueren, ass nawell en Challenge. De Luc Mergen geet nach méi wäit, zum Beispill nom Mont Ventoux elo op de Stelvio.
Mam Klapprad de Stelvio erop
Nom Mont Ventoux huet de Luc Mergen sech en neien Challenge mat sengem Klapprad gesat: de Stelvio an Italien.

D’lescht Joer ass de Luc Mergen mam Klapprad de Mont Ventoux eropgefuer. Hie wollt domat beweisen, dass een net dee leschten High-Tech-Modell aus dem Buttek brauch, fir eng Top-Leeschtung ze vollbréngen.

De Vëlo, e Vintage-Klapprad aus de 60er Joren, krut just eng méi laang Suedelstaang an e puer modern Pedallen. Domat geet et da 25 Kilometer nonstop biergop.

Den 23. Juni wëll hien elo de Stelvio an Italien eropfueren. Wéi preparéiert hie sech do drop a wéi kënnt een op esou eng geckeg Iddi? Mir waren hie beim Training besichen, engem Training natierlech och am Vintage-Style.

Back to Top
CIM LOGO