Russeschen Architekt inspiréiert sech un Tesla a baut zombieséchere Bunker

© Modern House Architecture & Design PR
E bëssen am industrielle Stil, wéi och den Tesla Cybertruck, presentéiert e russeschen Architektebüro en zombieséchert Haus.
Viru kuerzem gouf e virgestallt, de Cybertruck vun Tesla. Fir de Chef vum russeschen Architektebüro Modern House Architecture & Design Alex Wizhevsky mécht dësen Auto am meeschte Sënn, wann e vun engem Grupp vun Iwwerliewende vun enger Zombieapokalyps genotzt gëtt. Dowéinst hunn hien a säin Team elo en Haus, besser gesot e Fort, designt, wat och extra fir dësen Zenario vum Enn vun der Welt gebraucht géif ginn.
Den Auto gouf gebaut, fir datt d'Leit, déi en notzen, ënnert extreme Konditioune kënne iwwerliewen. A wat brauch een do nach ausser en Auto, ma dat passend Haus, sot den Alex an engem Interview.
D'Form vum Haus ass un de Cybertruck ugepasst. D'Fassad ass dann aus verstäerktem Bëtong, dee mat Stolplacke verkleet ass, dat ganzt liicht schif gebaut. D'Fënstere selwer sinn och verstäerkt, virdru sinn dann nach Blenden aus Metal, fir d'Sécherheet. D'Haus huet dräi Levelen, mat der Garage um Rez-de-Chaussée, dem Wunnberäich um éischten an de Schlofzëmmer um zweeten Stack.
Bis zu 7 Leit kéinten hei d'Zombieapokalyps iwwerliewen a souguer aus sécherer Distanz de Geck mat den Ondoudegen maachen.
Sollt et d'Apokalyps an der Zombie-Versioun awer ni ginn, esou mengt den Alex Wizhevsky, datt Haiser vun der Zukunft an dëse Forme kéinte gebaut ginn.