Neie Monogramm fir neie Grand-Duc
Mam Trounwiessel den 3. Oktober 2025 kritt Lëtzebuerg och en neit Symbol.
De stiliséierte "G“ vum zukünftege Groussherzog Guillaume ersetzt de bis elo gewinnten "H“ vum Henri. Entworf vun der Grafikerin Yolande Kaiser, besteet de Monogramm aus zwee gespigelte Buschtawe "G" mat der traditioneller Lëtzebuerger Kroun – modern, dekorativ an historesch inspiréiert.
Dësen neie Monogramm wäert op den Uniforme vun der Arméi, Police, CGDIS, Douane an de Giischtercher ze gesi sinn. Och d’Lëtzebuerger Euromënze kréien en neie Look mam Portrait vum Guillaume – viraussiichtlech awer eréischt 2026.
Den Design vun der Grafikerin baséiert op enger historescher Analys vu fréiere Monogrammer a respektéiert déi grafesch Charte vum Haff. Den neie Monogramm, u sech dem Guillaume säi "Logo", dierf nëmme mat offizieller Autorisatioun benotzt ginn.