A Colorado gouf en neie Weltrekord opgestallt mam gréisste Freedefeier iwwerhaapt.

E Samschdeg gouf, am Kader vum Wanter-Karneval, dat weltwäit gréisste Freedefeier lancéiert. Et huet net ganz laang gedauert, dofir huet een et ëmsou méi héieren an den däischteren Himmel iwwer Steamboat Springs a Colorado war fir e puer Sekonnen liichtend rout.

En Team vu lokale Freedefeier-Entreprisen huet dee risege Knuppert vun engem Gewiicht vun iwwer 1.200 Kilo an engem Duerchmiesser vu méi wéi annerhallwem Meter aus engem Stol-Rouer vu bal 8 Meter ofgefeiert. Mat enger Vitesse vu bal 500 Stonnekilometer ass d'Freedefeier an d'Luucht geschoss ginn an ass op enger Héicht vun 1,5 Kilometer explodéiert.

Ënnert de ville Spectateure war och eng Persoun vu Guinness World Records, deen d'Organisateuren duerno zu hirem Rekord gratuléiert huet. Hir wochelaang Aarbecht huet sech deemno gelount.

Den ale Rekord gouf 2018 vun de Vereenegten Arabeschen Emiraten opgestallt mat engem Knuppert vun 1.080 Kilo.