Am Live! Planet People goung et ëm de Schibob, ëm d'ASBL Amiavy an ëm d'Jongléiere mam Futtball.

Den Olivier Pegel schafft beim Europa Parlament. Als Student zu Kaiserslautern huet hien de Schibob mat anere Lëtzebuerger Studenten am Wantersport ausprobéiert. Dee Lëtzebuerger, deen dat entdeckt huet, de Marc Frapporti, ass haut President vum internationalen Schibobverband FISB. Et ënnerscheet een 2 Klasse vu Schibob, eng bis 12kg déi sougenannten Snowbikes an déi bis 23kg déi bei Meeschterschafte gefuer ginn. An elo brénge se reegelméisseg Medaile mat Heem. Genee wéi rezent och vu Lenggries.

D'Adela Fuentes vun Amiavy wëll Déieren, déi an Nout sinn, hëllefen a se vermëttelen. Déierenasyler a Bulgarien, Spuenien a Portugal ënnerstëtze si andeems se d'Rechnung vum Déierendokter bezuelen. Zanter 2011 hëlleft Amiavy bei der "Rehabilitatioun" vu Laboratoire-Déieren andeems se Famille sichen. Donieft sammele se Spenden a sensibiliséieren Schüler an de Schoulen a Jugendhaiser.

E Freideg den Owend um 20.00 Auer huet d'ASBL d'Dokumentatioun "Butenland" zu Beetebuerg am Ciné Le Paris gewisen.

De Sven Fielitz demonstréiert op der ganzer Welt wéi gutt hie mam Ball jongléiert. Am Alter vun 8 Joer huet hie fir d'éischt Futtball gespillt an ass du bei de Freestyle komm. De Sven huet Lëtzebuerg bei de Red Bull Street Style World Finals 2012, 2013, 2014 an 2016 vertrueden. Mëttlerweil kënnt hien op 13 Joer Experienz. Haut mécht hien en Challenge fir Villages d'enfants monde a versicht e Maximum u Sue fir Kanner a Famillen am Irak ze sammelen. Bei 5.000.- € muss hien eng Distanz vun 10km mam Ball zeréckleeën a jongléieren.