Keyvan Safavi, Shantel, Kenza Pop a Sam Bettens
Déi Kéier geet et ëm en Documentaire iwwert de Mont Blanc, Balkan Pop, Bouschéissen a Live-Musek.
De Keyvan Safavi ass am Summer mat sengem Kolleeg Ricardo op de Mont Blanc geklomme, an dorausser gouf den Documentaire '4810'. Ouni grousse Budget an ouni Erfarung am Filmbusiness hu si mat zwee anere Kolleegen dës Aventure lancéiert, an d'Resultat gëtt et de 16. November um groussen Ecran am Kinepolis um Kierchbierg. D'Motivatioun an d'Passioun fir sech fir sou e Projet ze begeeschteren sinn duergaangen a weisen dass groussen Asaz, Fläiss a Selbstvertrauen Villes méiglech maachen.
https://www.instagram.com/keyvan.egl/
De Shantel kennt een duerch säin Megahit 'Disko Partizani' an hien kënnt den 29ten November op Maarnech. Zesummen mam 'Bucovina Club Soundsystem' wäert hien d'Leit zum danze bréngen well deen Samschdeg gëtt et keng Still am Sall vum Cube 521. Balkan Pop, Global Bass an Elektro suergen derfir dass de Fonken iwwerspréngt. De Shantel war deen Éischten deen bedéngt duerch seng villschichteg familiär Wuerzelen der aktueller Popkultur e kosmopolitesche Sound verpasst huet.
www.cube521.lu/fr
https://www.instagram.com/shantelbucovinaclub/?hl=de
D'Kenza Pop krut mat 6 e Bou geschenkt an huet elo, knapp 12 Joer méi spéit d'Sëlwermedail am 'U21 Compound Women Swiss Open' gewonne. Zesumme mat sengem Brudder Noah versichen déi zwee d'Welt vum Bouschéissen opzeraumen. Säin Palmarès léisst sech weisen. Houfreg kann d'Kenza sinn iwwer de Champion National Senior Dames Outdoor 2025 an 2x Vice-Champion National Senior Dames Indoor 2025 & 2024. Grousst Ziel: Olympics LA28. Eng gutt Geleeënheet déi jonk Sportlerin unzefeieren ass de 'GT Open World Series' nächste WE zu Stroossen.
instagram.com/kenzapoparchery/
www.gt-s.lu
De Sam Bettens ass de Sänger vun K's Choice, enger belscher Band déi 1992 gegrënnt gouf a wou hien schonn mat 19 Joer zesummen mat sengem Brudder Musek gemaach huet. Hei sinn Lidder wéi 'Not an Addict' an 'Believe' entstane. De Kënschtler dee schonn méi dacks mat Platin ausgezeechent gouf, presentéiert den 13ten November säin Country Album 'COMING HOME' zu Diddeleng 'Opderschmelz'. Heiranner huet hien all d'Aflëss vun de leschten 15 Joer verschafft wou hien seng Andréck aus dem Tennessee verschafft huet.
https://opderschmelz.lu/
https://www.sambettens.com/
© sambettens.com