D'Beweegung vun de Foodsaver engagéiert sech, Liewensmëttel ze retten, sief et op legalem Wee oder duerch sougenannte “Dumpsterdiving”.

Si maachen am Verglach zu de Privathaushalter just e klenge Prozentsaz aus, ma och an de Supermarchéë ginn ze vill Liewensmëttel ewechgeheit. Wéi d’Etüd vun der Ëmweltverwaltung weist, wären am Handel 7,85 Kilo Liewensmëtteloffäll pro Awunner a Joer vermeidbar. Haaptproblem: Wueren, déi zwar nach gutt sinn, déi d’Supermarchéen awer net méi verkafen dierfen, well se ze no um Mindesthaltbarkeetsdatum leien. D’Beweegung vun de Foodsaver viséiert genee dëse Problem. Si engagéiere sech, dës Liewensmëttel anzesammelen

Foodsharing Osten

D’Transitioun Osten ass eng lokal Initiativ vum Transitiounsmouvement, déi d’lescht Joer de Foodsharing Osten an d’Liewe geruff huet. Eemol d’Woch sammele si bei Supermarchéë Liewensmëttel an, déi soss an der Poubelle gelant wären, fir se gratis ze verdeelen. Et si Liewensmëttel, déi d’Supermarchéen net méi verkafen dierfen, sief et, well se getéitscht sinn, net méi esou gutt ausgesinn oder ze no um Mindesthaltbarkeetsdatum dru sinn. Well dës Wuer awer och net ouni Weideres verschenkt däerf ginn, muss d’Transitioun Oste beim Supermarché ënnerschreiwen, dass se d’Verantwortung dofir iwwerhuelen, falls eppes net méi gutt wier. Dat nämmlecht loosse se da vun dee Leit ënnerschreiwen, déi d’Liewensmëttel duerno bei si siche kommen.

Dumpsterdiving

"Dumpsterdiving" heescht wuertwiertlech iwwersat "a Containeren tauchen". Et ass e Mouvement, bei deem Persounen d’Liewensmëttel do retten, wou se vun de Supermarchéë schonn ewechgeheit goufen: Aus hiren Dreckscontaineren. Dass dës Aktioun illegal ass, huelen hir Vertrieder a Kaf, fir en Zeechen ze setzen: "Wann ech sou Saache maachen, da steet d'Moral vun deem ,wat ech maachen, méi héich, wéi dat wat d’Gesellschaft mir seet, dass ech muss maache, well ech gesi jo, dass d’Gesellschaft net richteg denkt. Ech gesinn, dass d‘Gesellschaft net driwwer nodenkt an ëmmer rëm Saache ewechgeheit, da maachen ech dat gären an ouni schlecht Gewëssen."

Um Platto: Lia Bleser vu Food Sharing Luxembourg