Den 10. Mee 2020 koum de Prënz Charles, éischte Fils vun der Ierfgroussherzoglecher Koppel an domat och 2. an der Trounfolleg op d’Welt.

Knapp 5 Méint duerno liwwere si eis e ganz éierlechen an intimen Abléck an hiren neien Alldag als frësch gebaken Elteren. An hirer Residenz zu Fëschbech gouf d'RTL-Ekipp vum Ierfgroussherzog Guillaume an der Ierfgroussherzogin Stéphanie empfaangen. Mat dobäi och de 5 Méint jonke Prënz, dee sech wärend dem Interview vu senger braavster Säit gewisen huet.

Am Gespréich mat der RTL-Journalistin Deborah Ceccacci maache si de Réckbléck op dat fir si mouvementéiert Joer: d'Annonce vun der Gebuert, déi wärend dem Waringo-Rapport gefall ass, eng Schwangerschaft, déi matzen an déi akut Phas vun der Corona-Pandemie gefall ass, bis hin zu der Kanddaf, déi ënner spezielle Konditioune war.

Ma si schwätzen awer och ganz oppen iwwert déi laang Zäit, déi si als Koppel eleng verbruecht hunn, doriwwer wéi hiren Alldag changéiert huet an äntweren eis och op d’Fro, ob nach weideren Nowuess geplangt ass.

Virun 20 Joer koum de Grand-Duc Henri op den Troun

De 7. Oktober 2000 war en historeschen Dag fir Lëtzebuerg: Mat 45 Joer koum de Grand-Duc Henri op den Troun.

Bilan 20 Joer Grand-Duc Henri am Kloertext

Invitéiert waren de fréieren Hofmarschall Jean-Jacques Kasel, d'Verfassungsspezialisten Alex Bodry a Luc Heuschling an d'Deputéierte Léon Gloden CSV an de Marc Baum vun déi Lenk.