U sech sollt et de groussen Dag vum Joe Biden sinn... ma iwwert eng Persoun gëtt den Ament scho bal méi geschwat wéi iwwert den neien US-President selwer.

Wéinst den niddregen Temperaturen hu sech d'Visiteuren zu Washington déck missen undoen. D'Outfit vun engem Demokrat ass dobäi direkt an d'A gesprongen. Keen eleganten donkelbloen oder schwaarze Mantel, mä mat enger praktescher Wanterjackett a gestréckte Moule souz de Bernie Sanders wärend der Zeremonie op sengem Stull. Och säi Gesiichtsausdrock léisst dorobber hindeiten, dass et kal war.

A well dëst Bild net an de formelle Kader vun der Amtsaféierung gepasst huet, hu sech vill Internetnotzer e Spaass doraus gemaach... Ënnert dem Hashtag #Berniesmittens oder der Bezeechnung "grumpy chic" zirkuléieren den Ament kreativ Fotomontagë vum Sanders. E viralen Hit mat Meme-Potenzial!