Zanter 6 Deeg ass de brittesche Prënz Philip am King Edward VII Hospital zu London. Offiziell wier et eng reng Virsiichtsmoossnam.

De 99 Joer ale Mann vun der Queen Elizabeth II. hat sech lescht Woch en Dënschdeg net ganz gutt gespiert a wier an e Spidol ageliwwert ginn. Wat genee mam Herzog vun Edinburgh lass ass, gouf net matgedeelt. Den Aussoe vun engem Vertrieder vum britteschen Haff no hätt de Prënz keng Covid-Symptomer.

Säi Fils, de Prënz Charles, war e Samschdeg op Visitt bei sengem Papp, huet sech awer net zum Gesondheetszoustand geäussert. Op Fotoen, déi an de Medien zirkuléieren, wier de Prënz Charles duerno mat Tréinen an den Ae gesi ginn. Ob dat als schlecht Zeeche ka gedeit ginn, ass net gewosst.

De Prënz William huet e Méindeg wësse gedoen, dass et dem Prënz Philip géing gutt goen: "Jo, hien ass ok, si behalen hien am A".

De Prënz Philip an d'Queen sinn zanter 1947 bestuet. 2017 huet sech de Prënz aus dem ëffentlechen Liewen zeréckgezunn. Den 10. Juni feiert hie seng 100 Joer.