D'Nofro vun de ronn 30 Leit op der Welt, déi fléissend Klingonesch schwätzen, war grouss, esou datt den LOD huet misste reagéieren.

Um Site vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire steet zanter dem 1. Abrëll moies, datt een d'Klingonescht als zousätzlech Iwwersetzungssprooch an den LOD integréiert huet.  Dofir misst een déi ronn 4.000 Begrëffer, déi et an der Star-Trek-Sprooch ginn, och an den Dictionnaire integréieren.

Am Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch zu Stroossen goufen dann och verschidde Wierder am Klingonesch agelies an opgeholl. Der Impressioun vum RTL-Redakter no hätt déi Persoun awer e liichte Lëtzebuerger Accent.

Weltwäit schwätzen eng 30 Leit dës Sprooch fléissend an eng 2.000 hu Grondkenntnisser vum Klingoneschen.