Méi genee geet et ëm de Prototyp vum Sportschong Nike Air Yeezy 1, deen den US-Rapper matentworf huet an déi hie bei der Grammy-Zeremonie 2008 unhat.

Iwwer 1 Millioun Dollar kéinten d'Turnschlappe vum Kanye West bei der Stee vu Sotheby's bréngen.

D'Presentatioun vun de Sneakers hat deemools fir Opreegung gesuergt - och dowéinst, well Nike bis dohi seng Turnschong ëmmer no Sportler benannt hat. Yeezy ass de Spëtznumm vum Rap-Mogul. 2009 koumen d'Sneakers a limitéierter Oplo an de Verkaf an den Nofollger Nike Air Yeezy 2 dunn 2012. Dono huet de Kanye West d'Zesummenaarbecht mat dem US-Sportartikel-Gigant gestoppt. Hie war nämlech der Meenung, net genuch un de Recettë bedeelegt ze sinn an huet dowéinst bei d'Konkurrenz - Adidas - gewiesselt.

D'Zesummenaarbecht war en Erfolleg: enger interner Nott vun der Bank UBS no, hätt d'Mark Yeezy zejoert en Ëmsaz vun 1,7 Milliarden Dollar erziilt.

Dat Puer Nike Air Yeezy 1, dat de Rapper eng Kéier unhat an dat elo versteet gëtt, gehéiert dem Schongsammler Ryan Chang. Vun en Donneschdeg u ginn d'Sneakers zu Hongkong ausgestallt. D'Stee ass net ëffentlech. Dat bedeit, dass de Keefer an der Verkafspräis méiglecherweis net bekannt gi ginn.

Déi lescht Jore goufen ëmmer erëm Héchstpräisser fir Sportschong gebueden. De momentane Rekord vu 615.000 Dollar (517.000 Euro) gouf fir e Puer Basketballschong vun der NBA-Legend Michael Jordan bezuelt.