Am Juni maachen ëffentlech a privat Proprietären d’Diere vun hire Gäert op. An eiser Serie wëlle mer Iech verschidde Gäert méi no bréngen.

"Wann ee sech e Park oder en extra schéine Gaart ukucke geet, ass dat, vum Objet hier, genee esou vill Wäert, wéi eng Visitt vun engem Musée oder engem Monument!”...esou heescht et an engem Message vun der Kulturministesch op der Internet-Säit vu “Rendez-Vous aux Jardins”. Dëst ass, grad ewéi d’Initiative “Oppe Gaardepäertchen”, Deel vun engem europäesche Projet – een deen de Gaart als kulturellen, sozialen a gesellegen Deel vun eisem Liewe gesäit. Uganks an Enn Juni maachen ëffentlech a privat Proprietären d’Diere vun hire Gäert op, a bis e Méindeg, wëlle mer iech, mat eiser Selektioun u Gäert, Loscht maachen, op e Besuch oder op en eegent Stéck Natur... op e Gemeinschafts- oder Schrebergaart zum Beispill.

“Rendez-Vous aux Jardins" huet dëst Joer Première, a schonn en enorme Succès. 50 Partner maache mat, et ginn 80 Manifestatiounen. D’Thema ass “la transmission des savoirs”, et gi Visites Guidées organiséiert, wou dat eent oder anert Geheimnis, wéi ee säi Gaart an e klengt Paradäis ka verwandelen, wäert verrode ginn.

Déi meescht Gäert sinn op vum 4. bis de 6. Juni. De Festival “Oppe Gaardepärtchen” ass dëst Joer de 26. a 27. Juni. Organiséiert gëtt dat Gaarden-Evenement vun der Liga Gaart an Heem, déi och beim” rendez-vous aux jardins” mat mécht.

Detailer online op www.jardinsluxembourg.lu