Op Instagram huet d'Sängerin e Sonndeg ee kuerze Video gepost, an deem hat mat engem Diamanterank ze gesinn ass.

Ënnert dem Post schreift hat, "Ech kann et einfach net gleewen!" De Sam Asghari huet op sengem Instagramprofil eng Foto gepost, op där d'Britney Spears hire Fanger mam Rank a Richtung Kamera streckt.

Direkt si sëllege Gléckwënsch komm: Eleng de Video vun der 39 Joer aler Sängerin krut bis e Sonndeg den Owend 1,6 Millioune Likes.

D'Britney Spears huet dee 27 Joer ale Fitnesstrainer 2016 beim Dréi fir säi Museksvideo "Slumber Party" kennegeléiert. Virum Sam Asghari war d'Britney schonn zwee Mol bestuet. Säin éischte Mariage am Joer 2004 huet allerdéngs nëmme 55 Stonne gedauert, éier en annuléiert gouf. Aus sengem zweete Mariage mam Kevin Federline huet hat zwee Kanner.

Zanter Jore suergt d'Sängerin mat Geriichtsaffäre géint d'Tutelle vun hirem Papp fir Schlagzeilen. Wéi mir scho matgedeelt hunn, huet den Jamie Spears scho Mëtt August ëffentlech erkläert, datt hien als Tuteur zerécktrieden wéilt.

RTL

© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/AFP/Vivien Killilea